Commons:Heefeg Froen

From Wikimedia Commons, the free media repository
Jump to navigation Jump to search

Alemannisch | català | dansk | Deutsch | English | Esperanto | español | français | galego | עברית | magyar | interlingua | italiano | 日本語 | ភាសាខ្មែរ | 한국어 | Lëtzebuergesch | norsk bokmål | Nederlands | norsk nynorsk | polski | português | română | русский | slovenščina | suomi | svenska | 中文(简体)‎ | 中文(繁體)‎ | +/−

Wourëms geet et bei dëser Säit?
WikiCommons ass eng Späicherplaz fir Dateien (z.B. Biller, Téin, kleng Videoen), déi an de verschiddene WikiMedia-Projeten wéi Wikipedia, Wiktionary oder Wikibooks benotzt ginn.
Däerf ech Material op dëser Websäit späichern?
Jo sëcher! Et ass genee daat, waat mir vun Dir wëllen. Einfach umelden oder aloggen, falls nach net geschitt (uewe riets klicken) an dann 'Eroplueden' am lénken Menu klicken.
Waat fir ee Material kann ech eroplueden?
Alles, waat an de Wikimedia-Projeten benotzt ka ginn - an daat kann eng zimlech breed gefächert Auswiel sinn, well déi Projete selwer zimlech breed gefächert sinn. D'Dateie mussen ënnert enger vun den zoulässege Lizenzen verëffentlecht ginn. (kuckt Commons:Licensing). Beispiller fir zulässeg Lizenze sinn: GNU/FDL, CC-BY/SA/BY-SA an Domaine public.
Wéi lueden ech meng Dateien erop?
Einfach umelden oder aloggen, falls nach net geschitt (uewe riets klicken) an dann 'Eroplueden' am lénken Menu klicken.
Wéi kann ech d'Dateie vun dëser Säit direkt op der Wikipedia abauen?
Geneesou, wéi's du och lokal Biller mat [[Image:Numm vum Bild|Beschreiwung]] agebaut hues.
Däerf ech d'Materialie vun dëser Säit och op net-Wikimedia Projete benotzen?
Jo. Du muss awer déi op der Bildbeschreiwungssäit (einfach op d'Bild klicken) opgelëschte Lizenze beuechten. An de meeschte Fäll misst et duergoen, wanns du bei der Verëffentlechung dës Lizenzugaben an den Numm vum Auteur kopéiers an d'Informatiounen do verëffentlechs, wou's Du och d'Bild verëffentlechs.
Wéi gesäit de Plang fir dëse Projet aus?
Commons:Project plan (e)
Waat ass een Administrator a wéi kann een esouee ginn?
Commons:Administratoren lb
Wou kann ech Froe stellen?
Commons:Stamminet
Wéi kooperéiert Commons mat ähnleche Projeten?
Commons:Collaboration with ourmedia (e)
Wéieng Upassunge vun der Software si virgesinn?
Commons:Features (e)
Wéieng Lizenzen däerf ech fir eropgelueden Dateie benotzen?
Commons:Licensing (e)
Wéieng Dateitype kann ech benotzen?
Commons:Criteria for inclusion (e)
Waat muss ech maachen, wann eng Säit oder Bild geläscht solle ginn?
Commons:Deletion requests (e)
Wéieng Sprooch soll op Commons benotzt ginn?
Commons:Sprooch